top of page

...an e schéint neit Joer!

Updated: Jan 1, 2021

2020 war en uergt Joer - fir eis awer hat et 2 1/2 gutt Méint. Wou mir de 15. Oktober EVERARD Consulting & Communication lancéiert hunn, war eis nach net bewosst, wéi vill flott Projete mir an dëser kuerzer Ufankszäit mat esou vill motivéierte Cliente kéinten ugoen an ëmsetzen. Duerfir vun hei e grousse Merci!


A well mir gären hätten, datt fir jiddereen 2021 gutt ufänkt, hu mir e Kaddo fir jiddereen dee wëll. Eppes Selwergemaachenes verschenken ass ëmmer gutt a richteg soen se, an duerfir invitéiere mir Iech dësem Link nozegoen, an Iech eise Wallpaper-Kalenner fir de Januar 2021 erofzelueden:



Bei eis ass Timing an de Projeten alles, a wann och Dir ëmmer organiséiert wëllt bleiwen, dann zéckt net, a klickt hei.


An domat wënsche mir Iech all: E gudde Rutsch an e schéint neit Joer!

55 views0 comments
bottom of page