Gedankekëscht®

E Biergerbedeelegungs-Konzept vun EVERARD CONSULTING & COMMUNICATION


EVERARD Consulting & Communication huet ee Biergerbedeelegungs-Konzept ausgeschafft, dat et Gemengen erlaabt hir Bierger op allen Niveauen iwwert analog an digital Kanäl mat op de Wee ze huelen. Wann et de Wonsch vun der Gemeng ass, d'Bierger an den Entscheedungsprozess mat an ze bannen, dann ass d'Gedankekëscht® e Package, deen et hir erlaabt sech onkomplizéiert a professionell begleeden ze loossen.



D'Gedankekëscht® vun EVERARD Consulting & Communication bitt d'Kommunikatioun analog an online, d'Aktivatioun vun de Bierger (Iddiesammlung a Concours) an d'Moderatioun vun den Atelieren nom All-in-One Prinzip.



An der Gemeng Bauschelt zum Beispill goufen esou d'Bierger zum Reamenagement vun der Gemengeplaz befrot, a kunnten iwwer 3 Wochen hir Iddien esouwuel online ewéi och analog eraginn, sech an engem Online-Forum austauschen a bei engem grousse Concours schéi Präisser gewannen.




Och d'Kanner an déi Jugendlech aus der Gemeng goufen net vergiess. Bei de groussen Atelieren, déi sech iwwert 2 Deeg gezunn hunn, koumen du konkret Iddien op den Dësch a Froe kruten Äntwerten.


Wann och Dir interesséiert sidd, eist Biergerbedeelegungs-Konzept GEDANKEKËSCHT® fir Är Gemeng ze notzen, dann zéckt net, eis fir eng Entrevue an een Devis ze kontaktéieren.

20 views0 comments