top of page

Mobilitéitsoffer-Konzept: Passerelle Burfelt

Am Optrag vun der Gemeng Bauschelt hu mir d'Mobilitéitsoffer-Konzept « La Passerelle du Burfelt - Un concept pour toute une région» ausgeschafft.



Heibäi goufen all verfügbar Donnéeën zu engem enk verknäppte Projet zesummegedroen, bei deem souwuel d'touristesch Mobilitéit esou wéi och déi funktionell Mobilitéit an enger systemescher Approche berécksiichtegt goufen.

D'Zil vun der Passerelle ass et Regioune ronderëm de Stau nees mateneen ze verbannen, déi zanter iwwer 70 Joer vunenee getrennt sinn an dobäi am Sënn vum Naturschutz, dem nohaltegen Tourismus an der Ëmweltschoulung ze schaffen.



D'Komplexitéit vum Sujet gouf heibäi op e verständlechen Niveau erofgebrach an d'Zesummenhäng goufen an de Mëttelpunkt geréckelt.



E spannenden, multidimensionale Projet, bei deem mir op d'Ënnerstëtzung vum Buergermeeschter vun der Gemeng Bauschelt, dem Här Gangler, kunnten zielen, an deen esouwuel dem Ministère de l'Énergie et de l'Aménagement du territoire virgestallt gouf ewéi och dem Ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable an der Direction Générale du Tourisme.


Den Drock vun der Broschür gouf hei am Land klimaneutral (myclimate.org/01-18-619125) an op recycléiertem Pabeier ëmgesat. Déi provisoresch Pläng vun der Passerelle goufe vum Büro ABplus vu Bauschelt entwéckelt.

53 views0 comments
bottom of page